
WELCOME

Meng Geschicht
Vun Denaweddings zu einfach Dena
Nodeems ech elo puer Joer Hochzäiten organiséieren, an ëmmer live dobäi war, hunn ech Fotografie fir mech entdeckt.
Ech géif iech ganz gären Fotografesch op ärem speziellen Dag begleeden.
Natierlech bleift Denaweddings fir Planung och bestoen.

Hei weisen ech iech meng Fotoen déi ech bei enge vu mengen organiséieren Hochzäiten gemaach hunn wann der gären vun mir wëllt begleet ginn kennt der iech gären mellen









![]() Foto Otilia & Fabio Lift20230624_133518693_iOS | ![]() _Q9A3405 |
---|---|
![]() _Q9A3403 | ![]() _Q9A3583 |
![]() _Q9A3396 | ![]() _Q9A3521 |
![]() _Q9A3458 | ![]() _Q9A3388 |
![]() _Q9A3390 | ![]() _Q9A3385 |

DIR BRAUCHT HËLLEF BEI DER ORGANISATIOUN
Elo kennt eng opreegend Zäit op iech duer voller Planung bis zu dem schéinsten Dag an ärem Liewen. Wann dir hëllef bei der Organisatioun brauch géif ech mech freeën iech mat Rot an Dot zur Säit ze stoen an iech ze hëllefen aer Hochzäit ze plangen an iech duerch déi flott a spannend Episode vun ärem Liewen ze begleeden.
Dir sidd nach op der Sich no enger Locationl, engem DJ oder engem Caterer? Kee Problem! Zesummen entwéckele mer vill flott Iddien, ganz individuell ofgestëmmt op äre Goût an äre Budget. Um Dag selwer sinn ech un ärer Säit fir alles ze koordinéieren, sou dass dir kee Stress hutt an all perfekte Moment kënnt entspaant genéissen.
Egal op dir nach guer keng Iddi hutt wéi är Hochzäit am Detail soll ausgesinn oder op dir schonn een Deel geplangt hutt an net méi weider wësst, zesumme fanne mer dee fir iech richtege Wee.
Och méiglech ass just den Dag vun der Hochzäit är Deko a soss Iwwerraschungen opzeriichten a Koordinatioun vum Opriichte bis zum Aperitif ze begleeden an am Aen ze hunn.
WANTERHOCHZÄIT
Parc Hotel Alvisse
![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() |
Ob engem schéinen Wanterdag mat bësschen Sonn huet meng Koppel sech am Februar d'Jo-Wuert ginn.
Info
Fotoen "Love by Chrissie" by Christine Eckhardt
Makeup by Make-up & Styling by Luca
Blumen "made by mely"
Brautkleed "Marryfair das Hochzeitshaus"
Location Parc Hotel Alvisse

ALICE IM WUNDERLAND HOCHZÄIT
Plannung @Dena Wedding's
Blummen @Floratheik
Fotoen @yourdayphotography
DJ @DJCherry
Location @Schengener Haff

DEKORATIOUN GANZ INDIVIDUELL MAT ALL DETAIL

HOCHZEITSLOCATION DEKO

KOORDINATIOUN VUM FEST









HIERSCHTHOCHZÄIT
Am Hierscht kann een mat Blieder an Kürbissen eng herrlech schéin Dekoratioun zesummestellen mat e puer Käerzen gesäit dat herno am däischteren schéin an dëser däischterer Joreszäit aus
Info
Fotoen "Dena Photography, Joana Salm"
Blumen "De Fleurs en Fleurs"
Location Restaurant "Parc Le'h"
![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() |



Meng eischt Hochzait vun der neier Saison zweemol verreckelt an enfin konnte mer feieren.
am Château du Bois d'Arlon
Back in Time
D' Braut wollt sech genau wei hier Eltere scho am Gaart bei der Bomi bestueden.
Des Gaardenhochzait war eng richteg Monsterprojet, mee Biller schwätze fir sech.
Mat enger gudder Detail Planung hat meng Koppel een wonnerschéinen Dag an d' Wieder hat och mat gespillt.
Fotoen: Dena Photography






Hochzäit am Château Bayard
Ëmmer eng grouss Freed a mengem Job ass eng wonnerschéin Locatioun. Hei war Thema Tennis mat vertraue ma wonnerschéinen Blumme gemëscht.
Fotoen: Dena Photography






Eng Bauerenhochzäit
haat ech och schon auszeriichten Resultat gefällt mir super gudd. eemol Dekoratioun an der Kierch
an eemol am Festsall
Fotoen: Dena Photography






IWWERT MECH
Mäin Numm ass Nadine Demuth, ech si Mamm vun 3 Kanner an ech hunn no enger Neiorientéierung zum Beruff vum Weddingplanner an Fotografin fonnt. Nieft menger kreativer an och e bëssi geckeger Säit , schaffen ech einfach gär mat Mënschen zesummen. Ausserdeem sinn ech gutt organiséiert, fläisseg an trotzdeem ganz spontan fir flexibel kennen ze reagéieren.
Ech sinn der Meenung dass jiddereen säin eenzegaartegen a fir hie perfekten Hochzäitsdag verdéngt huet, an et ass mer eng Freed dobäi kennen ze hëllefen.
![]() | ![]() |
---|
„Die Liebe ist ein Stoff den die Natur gemacht und die Phantasie bestickt hat“
Voltaire

PRÄISSER
Well et mir wichteg ass iech als Clienten op engem perséinlechen Niveau ze beroden an ze verstoe wat är Besoine sinn, proposéieren ech ëmmer en éischt, onverbindlecht Kenneléiere bei enger Taass Kaffi. Esou kann ech iech all Meiglechkeeten a Präisser erklären an dir siicht iech gezielt eraus wéi ech iech am beschten ënnerstëtze kann.
Fir d'Fotoen mann ass et wichteg ze wëssen, wat dir iech wënscht an en fonction dovunner proposéieren ech iech mäin Präis, an deem Präis ass een Kenneleiershooting virun der Hochzäit mat dran, den Dag selwer, beaarbechten an Stick mat Fotoen dran. Dir kennt mir gären eng Mail mann oder mer eng Whatsapp schécken um
661499533.

Demuth Nadine
Wedding Planner Luxembourg
instagramm dena_foto_wedding
Whatsapp +352 661 499 533